Bauingenieur

Wat mécht e Bauingenieur?

Dem Bauingenieur säin Job ass et Gebaier oder aner Konstruktiounen ze entwerfen an se sou ze berechnen dass se stabil gebaut kënne ginn. Des weideren ass de Bauingenieur och zoustänneg dofir, de Bauoflaf ze organiséieren an dofir ze suergen, dass och alles esou wéi geplangt um Chantier ofleeft. Am Beräich vum Héichbau iwwerschneit sech de Beruff vum Ingenieur oft mat deem vum Architekt. Meeschtens ass et esou dass den Architekt de kreativen Deel iwwerhëlt, hien entwërft ee Gebai an zeechent d’Pläng a gëtt de Projet dann un den Ingenieur weider fir dass dësen d’Statik berechent.RheinEnergieStadion_(Müngersdorfer_Stadion)_nordwestlicher_Eckpfeiler_HDR

Wéi lo genau dem Bauingenieur seng Aarbecht ausgesäit hänkt staark dovun of a wéi engem Beräich hie schafft. Grondsätzlech kann een ënnerscheeden zwëschen dem plangenden Ingenieur an dem ausféierenden Ingenieur. De plangenden Ingenieur schafft entweder selbstänneg oder awer mat aneren Ingenieuren zesummen an engem Ingenieursbüro. Hie bitt eng Déngschtleeschtung un. Wann e Bauhär, sief et e privaten oder en ëffentleche Client, ee Gebai oder soss eng Konstruktioun baue wëll freet hien en Ingenieursbüro fir dass déi him dofir d’Statik berechnen. De Büro iwwerhëlt dann de Projet, féiert déi néideg Berechnungen duerch an zeechent d’Pläng dofir. Den Ingenieur iwwerhëlt domat och d’Verantwortung dofir dass dës Konstruktioun iwwert di geplangte Liewensdauer stabil bleift. Lo kann de Büro dëse Projet rëm ofginn oder awer selwer den ausféierenden Deel iwwerhuelen a sech dorëms këmmeren dass um Chantier alles richteg ofleeft. Fir dëse Projektmanagement maachen ze kënnen ass den Ingenieur an der Regel um Chantier present a suergt dofir dass déi néideg Materialien, Aarbechter a Baumaschinnen zur Richteger Zäit an der richteger Quantitéit a Qualitéit op der richteger Platz ukommen. Expertisen, Studien oder Verkéiersanalyse gehéieren och zum Aarbechtsberäich vun de Bauingenieuren.

 

Wat muss ech studéiere fir Bauingenieur ze ginn?

De Studium Bauingenieur ass wéi all Ingenieursstudium eng Zesummesetzung aus verschiddene Fächer. Am Ufank vum Studium stinn d’Grondlage wéi Mathematik a Mechanik awer och Baustoffkunde, Vermiessung a Baukonstruktioun um Programm. Oft ass et dann esou dass no dëse Basiskenntnisser eng Rei Fächer kommen déi fir all Bauingenieur wichteg sinn, wéi Geotechnik, Massivbau (also d’Baue mat Stohlbeton), Baustatik oder och mol Baurecht. Dono muss een sech dann entscheeden a wéi enger Richtung ee säi Wësse verdéiwe wëll. Grondsätzlech kann ee 4 verschidde Weeër aschloen:

Konstruktiven Ingenieur an Héichbau: An dëser Verdéiwung geet et also ëm alles wat iwwert dem Buedem gebaut gëtt wéi Wunnengen an ëffentlech Gebaier, Halen, Kraaftwierker mee och Brécken oder Parkhaiser. Dem konstruktiven Ingenieur seng Aarbecht besteet virun allem doran d’Statik fir Tragwierker ze berechnen.

Verkéierswiesen: Hei geet et ëm de d’Plangen, d’Bauen an d’Bedreiwe vu Stroossen an Autobunnen, mee och ëm den ëffentleche Verkéier wéi de Schinneverkéier, z.Bsp. wann eng Zuchstreck ausgebaut oder den optimale Wee fir en Tram duerch eng Stad fonnt muss ginn ginn. Den Tunnel- oder Flughafebau gehéiert och zu dësem Beräich.

Baubetrieb: An dëser Verdéiwungsrichtung gëtt sech méi genau mam Plange vu Chantiere beschäftegt. Wee sech heifir entscheet wäert a sengem spéidere Beruffsliewe vill Zäit op Baustelle verbréngen a meeschtens och vill ënnerwee sinn.

Waasser- an Offallwirtschaft: Bei dëser Verdéiwung geet et ëm alles wat an iergendenger Form mat Waasser ze dinn huet, also Zou- an Ofwaasserleitunge mee och Kläranlagen, Regenrückhaltebecken, Waassertierm oder Staudämm. Den Ingenieur këmmert sech also ëm de gesamte Waasserzyklus, also vum Pëtz iwwer d’Opberedung duerch d’Leitunge bis an d’Haiser a vun do aus an d’Kläranlag an zeréck an de Floss. Mee och de Wee vum Offall vum Verbraucher iwwer d’Verbrennung bis zum Bau vun Deponië fält an dëse Beräich.

 

Inglis_bridge_patent construction-370588_1920 site-285645_1280

 zréck bei d’Iwwersiicht