Chemiker

Wat mécht ee Chemiker?

D‘Chimie gehéiert zu den Naturwëssenschaften a beschäftegt sech mat de Grondbausteng aus deenen alles opgebaut ass, den Atomen. Hautdesdaags ëmfaasst d‘Chimie ee risege Beräich an iwwerschneit sech oft mat anere Wëssenschaften, wéi der Physik, der Mathematik oder der Biologie. Sou wonnert et net, dass de Chemiker an deene verschiddenste Beräicher schaffe kann, sou zum Beispill an der Erdueleg-Industrie (Entwécklung vun neie performanten Obtrennungsprozesser), an der Pharma-Industrie (Entwécklung vun neie Medikamenter) oder an der Elektro-Industrie (Hirstellung vun z.Bsp. neie stroumleedende Materialien oder Batterien). Chemiker ginn zum gréissten Deel agesat fir nei Substanzen oder Materialien ze entwéckelen.

1024px-thumbnailNormalerweis bleift een no Ofschloss vu sengem Studium nach puer Joer ob der Uni fir säin Dokter ze maachen. Während dëser
Zäit spezialiséiert een sech an engem ganz bestëmmte Beräich a bedreift Grondlagefuerschung. Des Weidere besteet natierlech nom Studium och d‘Méiglechkeet Proff ze ginn oder eng aner Platz beim Staat ze sichen.

Am Ufank vun hirem Beruffsliewe gëtt ee studéierte Chemiker meeschtens an der Fuerschung agesat. No enger bestëmmter Zäit ginn seng Kompetenzen ausgebaut an am beschte Fall kritt een säin eegene Fuerschungsprojet an de Schwéierpunkt vun der Aarbecht gëtt vum Schaffen am Labo virun de Computer an a Konferenzzëmmere verlagert. Dëst gëllt, wann een sech fir eng Carrière an der Industrie entscheet. Mee et kann een och als Beroder, Gutachter oder an engem verstaatlechte Labo (z.Bsp. Waasserkontroll) schaffen. An alle Fäll ass et onerlässlech sech och am Beruffsliewen um neiste Stand vun der Technik ze halen.

 

Wat muss ech studéiere fir Chemiker ze ginn?

Am Ufank vum Studium stinn nieft verschiddene Chimiesfächer (z.B anorganesch, organesch a physikalesch Chimie) och Grondlagekuren aus der Physik an der Mathematik um Programm. Dëst Konzept entsprécht deem vu villen Ingenieursfächer, mee bei der Chimie kommen (ofhängeg vun der Uni) eng ganz Partie praktesch Kuren am Labo dobäi. Am weidere Verlaf vum Studium kann een sech fir verschidde Schwéierpunkter entscheeden. Wann d‘Schaffen am Labo engem Spaass mécht, dann ass zum Beispill organesch Chimie oder d‘Polymerchimie eng Alternativ. Ass ee staark an der Mathé an d‘kachen am Labo ass net sou säin Déng, da kann een an der physikalescher oder theoretescher Chimie seng Verdéiwung maachen. De Chimiestudium bitt engem motivéierten a méiglechst och kreative Student eng villverspriechend Méiglechkeet ee Beruff mat Zukunft ze fannen.

 

Chemische_Formeln_so_NICHT test-214185 PENTAX Image

 zréck bei d’Iwwersiicht