Geometer

Wat mécht ee Geometer?

„E Geometer dat ass jo deen dee mat sengem Stativ nieft der Strooss steet fir ze moossen?“ Dës wäitleefeg Meenung ass just deelweis richteg. Meeschtens ass et de Vermiessungstechniker deen dëst mécht, während de Geometer (als Vermiessungsingenieur, international och als Surveyor bezeechent) sech mat der Planung, Koordinatioun an Auswäertung ofgëtt. Dëst zum Beispill wann et drëms geet, fir e Bauprojet den Terrain topographesch ze vermoossen, d‘Mauere fir d‘Konstruktioun vun engem Gebai ofzestiechen oder d‘Bauwierk selwer ze kontrolléieren. Während bei dësen Aufgabe mat engem Tachymeter Wénkelen a Strecke gemooss ginn, kommen nach weider Instrumenter öfters zum Asaz, sou wéi Laserscanner, Nivelléier oder Satellitennavigatiounssystemer. Prinzipiell kann de Geometer mat all Sensor deen eppes moosst ze dinn hunn an dat a ville verschiddene Beräicher. Zil ass et generell Geoobjekter geometresch a punkto Lag, Orientéierung, Gréisst a Form mat enger definéierter Qualitéit ze bestëmmen.

Ee Groussdeel vun den Informatiounen an eiser Welt hunn a méi oder wéineger direkter Form e raimleche Bezuch. Fir dës duerze582199131_2d27a85fb2_ostelle kënnen als Basis Geoinformatiounssystemer déngen, bei deenen de Geometer un der Installatioun a Fortféierung bedeelegt ass. Weiderhi kann hie méiglech integréiert Loftbiller oder 3D-Modeller verwalten an och erstellen oder Webapplikatioune betreien. Beim Urbanismus kann en ënnert anerem bei Flächennotzungspläng, Bebauungspläng a Landmanagement bedeelegt sinn. Mat enger Zousazformatioun dierf en als „Géomètre officiel“ och Kadastervermiessunge wéi Propriétéitsgrenzen, Terrainandeelungen an Expertisen dozou man.

Zu Lëtzebuerg schafft de Geometer zum Beispill bei der Administration du Cadastre et de la Topographie, der Verwaltung vu grousse Gemengen a Syndikater, Entreprisen an der Verkéiersinfrastruktur (Strooss an Zuch), an engem Ingenieursbüro oder als Indépendant.

 

Wat muss ech studéiere fir Geometer ze ginn?

An Däitschland heescht de Studium Geodäsie und Geoinformation, anerwäerteg gëtt en och als Geomatik bezeechent. De Studium ass immens universell a breetgefächert opgestallt a bitt international beispillsweis och d‘Méiglechkeet bei Hiersteller vu Moossinstrumenter an Navigatiounssystemer oder Weltraumfirmen ze schaffen. Deemno heescht ee Slogan och „vum Grondstéck bis zum Mars“. Nieft de Grondlagen an der Mathé, Info a Physik kënnen ofhängeg vun der Uni Fächer wéi Vermessungskunde, Geoinformatik, Städtebau und Landschaftsplanung, Bodenordnung und Flurbereinigung, Photogrammetrie, Fernerkundung, Computergraphik, Bildverarbeitung, Kartographie, Satellitengeodäsie, Erdmessung, astronomische Geodäsie, Sensorik und Methodik, Kinematik, satellitengesteuerte Positionierung, Geolokalisation und Fahrzeugnavigation, Statistik, Ausgleichungsrechnung, Verwaltungsrecht, BWL, Ingenieurbaukunde, Geologie, Grundstückswertermittlung, Immobilienmanagement asw. um Programm stoen.

 

zirkel-518475_1280 4696090137_114a1da2a8_b Harlaching_Map_1700_Mattias_Paur_Geometer

 zréck bei d’Iwwersiicht