Informatiker

Wat mécht en Informatiker?

“An der Informatik geet et genau sou wéineg ëm Computer wéi an der AstronomieQR-Code_Willkommen_bei_Wikipedia ëm Teleskopen”, Edsger Dijkstra (Turing Award Präistreger 1972). Een Informatiker ass nämlech kee renge Programméirer, a benotzt ee Computer just fir seng Ideeën ëmzesetzen.

An de leschten 20 Joer gouf d’Liewen nohalteg vun der Informatik verännert. Duerch den Internet komme mer schnell un all Informatiounen déi mer wëllen, a kënnen einfach mat Leit op der ganzer Welt kommunizéieren, duerch Navigatiouns-apparater gi mer schnell a sécher un eist gewënschten Ziel navigéiert an et ginn och schon Autoen déi eng Geforesituatioun erkennen an automatesch eng Vollbremsung ausléisen.

D’Ziel vun engem Informatiker ass et, Méiglechkeeten déi duerch Computeren entstinn ze entwéckelen an se dann sou ëmzesetzen dat ze vun jidderengem einfach a sécher kënne benotzt ginn.

Een Informatiker schafft oft fir ee bestëmmte Client. De Client huet da méi oder manner konkret Virstellunge wat e wëll. Eng Bank wëll z.B. ee sécheren Online Banking. Lo muss sech een Informatiker iwwerleeë wéi en ee sécheren, mä trotzdem vun engem normale Bankclient novollzéibaren Oflaf ausgesäit. Dozou gehéieren natierlech och Algorithmen, also mathematesch Berechnungen, déi den Oflaf da sécherstellen. Seng Ideeë schreift en dann op a programméiert villäicht nach een éischte Prototyp fir seng Ideeën ze visualiséieren a präsentéiert déi der Bank. Déi richteg Programmaarbecht gëtt herno awer meeschtens vu Programméirer ëmgesat a just nach vum Informatiker betreit.

 

Wat muss ech studéiere fir Informatiker ze ginn?

De Studium heescht Informatik. Am Ufank studéiert een d’Grondlage vun der Informatik. Dat ass virun allem d’Mathematik, d’theoretesch a praktesch Informatik. Nodeems een dann d’Grondlage beherrscht kann een sech op engem Gebitt spezialiséieren. Doniewent ass et üblech, datt een en Nierwefach huet, well een herno oft mat Clienten aus anere Beräicher ze dinn huet an hier Problemer méi einfach verstoe soll. Dat kann z.B. Medezin, Economie oder Maschinnebau sinn.

Well et vill verschidde Richtungen an der Informatik ginn, muss een sech während sengem Studium spezialiséieren, ouni déi aner Richtunge vollkommen ze vernoléissegen. E puer Richtunge sinn z.B.: Theoretesch Informatik (Algorithmusverbesserungen oder Beweise wat ee Computer berechne kann, a wat net), Biller- a Sprochenerkennung, Netzwierker (wei verbënnt ee Computer am effektivste mateneen) oder agebett Systemer (dat sinn Computeren an Handyen, Autoen, Fligeren asw.). Dëst sinn awer nëmmen en puer Nennungen, et gëtt der nach vill méi, déi awer lo net all hei kënnen ernimmt ginn.

 

man-475561_1280 programming-593312_1920 A_view_of_the_server_room_at_The_National_Archives Kopie

 zréck bei d’Iwwersiicht