Maschinnebauingenieur

Wat mécht e Maschinnebauingenieur?

Wéi den Numm et scho seet beschäftegt sech de Maschinnebauingenieur mat Maschinnen.

Hautrobot-441308_1280desdaags kann een sech dat modernt Liewen ouni Maschinnen net méi virzestellen. Dobäi ass de Begrëff vun enger Maschinn ganz vague. Meeschtens ass eng Maschinn en technescht Konstrukt dat dem Mënsch eng Aufgab vereinfacht oder se him ganz ofhëlt. (D’Elektresch, ouni dat mir net méi kéinte liewen, gëtt vu Maschinne produzéiert déi Maschinnebauer entwéckelen. Genausou den Auto deen et eis erliichtert fir vun enger Plaz op déi aner ze kommen.)

Vill Maschinnen déi vum Maschinnebauingenieur gebaut ginn, gesäit een net direkt, mee sou zimlech all Produit, vun engem Handy bis zu der Karosserie vun engem Auto, ginn zum gréissten Deel op Maschinnen automatesch produzéiert (sou Maschinnen nennt een allgemeng Fertegungsmaschinnen oder Produktiounsmaschinnen).

De Maschinnebauingenieur entwéckelt sou Maschinne wann en dozou vun engem Client den Optrag kritt. Dobäi kritt en vum Client Fuerderunge gestallt, déi d’Maschinn dono muss erfëllen. Den Ingenieur muss dann, zesumme mat engem Team aus verschiddene Beräicher vu senger Firma, sech en Konzept iwwerleeën dat déi Fuerderungen erfëllt. Dëst Konzept muss dann an all sengen Eenzeldeeler geplangt ginn. Vun der klengster Schrauf iwwer d’Auswiele vum richtege Material bis zur Verkleedung déi dono alles verstoppt an der Maschinn en uspriechenden Design gëtt. Dono gëtt déi Maschinn da gebaut an et gëtt getest op se och sou funktionéiert wei se soll an dono dem Client verkaf. Oft ass et net néideg en komplett neit Konzept ze entwéckelen, dofir kann den Ingenieur mat sengem Team ee méi aalt Konzept ëmbauen oder puer Konzepter matenee kombinéieren. D’Entscheedung ob en Konzept ganz nei soll entwéckelt ginn, gëtt oft iwwer de Präis entscheet.

 

Wat muss ech studéiere fir Maschinnebauingenieur ze ginn?

De Studium heescht ganz einfach Maschinnebau. Am Ufank studéiert een d’Grondlage vum Maschinnebau. Dat ass d’Mathematik an d’Physik an do haaptsächlech Mechanik.

Nodeems een dann d’Grondlage beherrscht kann ee méi spezifesch op Maschinnen agoen.

Well d’Aart vun de Maschinnen sou ënnerschiddlech ass, an een als Student jo net alles léiere kann, muss een sech während sengem Studium op eng Richtung spezialiséieren. E puer Richtungen am Maschinnebau sinn z.B.: Produktiounstechnik (Maschinnen déi automtiséiert produzéieren), Verfahrenstechnik (d’Ëmwandlung vu Materialien), Verkéierstechnik (alles wat mat der Fortbewegung ze dinn huet), Energietechnik (Produktioun an d‘Weiderleede vun Energie) a Medezintechnik. Dëst sinn awer nëmmen en puer Nennungen, et gëtt der nach vill méi, mee déi sinn zu engem gewëssen Deel dëse grousse Richtungen ënnergeuerdent.

 

steam-220000_1280 gear-192875 broodkast

 zréck bei d’Iwwersiicht