Mathematiker

Wat mécht e Mathematiker?

Iwwert de Fuerscher an de Prof (z.Bsp. am Lycée) eraus ginn et nach eng ganz Rei weider Beräicher an deene Mathematiker gebraucht ginn. Dobäi gëtt et awer wéineg “typesch” Beruffer fir Mathematiker. Dat wat se awer all en commun hunn ass datt ee Problem muss geléist ginn. De Problem gëtt versicht ze quantifizéiren an da mat Methoden déi een am Studium (an dono op der Aarbecht) geléiert huet ze léisen. Schlussendlech sollt dës Léisung dann sou gutt ewéi méiglech an d’Praxis ëmgesat ginn.

Dës Problemer kënne genee esou villfälteg sinn ewéi d’Beruffer déi d’Mathematiker maache kënnen. Beispiller sinn:

Verkéiersplangung: Wmathematics-254167_1280éi solle Stroossennetzer gebaut ginn a Luuchte geschalt ginn esou datt d’Leit mam Auto esou man wéi méiglech am Stau stinn an esou séier wéi méiglech vun A op B kommen? Ähnlech Froe stellen sech bei Bus-, Zuch- an Tramsnetzer, souwéi hiren Horairen.

Logistikofleef vu grousse Firmen: Wou solle Lagerhale gebaut ginn? Wéi grouss soll eng Lagerhal sinn? Wéivill Material soll do dra stockéiert ginn? Vu wou sollen déi Materialer geliwwert gi fir datt d’Käschte fir d’Firma esou kleng ewéi méiglech sinn?

Versécherung: Wéi deier mussen d’Prime fir déi nei Auto-, Haushalts- a Liewensversécherunge sinn a Fonctioun vun den aktuelleste Statistiken iwwert Accidenter, Liewenserwardung asw.?

Finanzsektor: Wéi deier sollen nei Finanzprodukter verkaf ginn (Derivater, Optiounen, a.s.w.)? Wéi soll een d‘Ofhängeg-keeten tëschent Banken a Länner modelléiere fir de Risiko vun der eegener Bank ze erfaassen? Wéi kann eng weider Finanzcrise evitéiert ginn a wat musse Banken dofir maachen?

 

Wat muss ech studéire fir Mathematiker ze ginn?

De Studium heescht Mathematik. Bal iwwerall bestinn déi éischt 2 Joer nëmmen aus obligatoresche Fächer (Analysis, Linear Algebra, Algebra, Topology, Numerics, Informatics) fir d’Grondlagen ze léieren op deenen all weider Fächer opbauen. Dono kann een (oft schons méi fréi wéi an anere Studiengäng) sech spezialiséieren a méi spezifesch Virliesungen huele wéi z.Bsp. Stochastics (Modeléiere vun zoufällege Prozesser, wéi e Cours vun der Bourse), Extreme Value Theory (Typesch Fro: Wéi héich muss den Damm sinn datt et just eng Kéier all 1000 Joer eng Iwwerschwemmung gëtt), Optimization (z.B. Logistikproblemer), Quantitative Risk Management (Problemer ronderëm d’Finanzwelt ginn hei modelléiert …

Fir Mathe ze studéiere sollt een einfach genuch Virwëtz matbréngen, Problemer (virun allem quantitativer Art) op de Fong wëllen ze goen, Freed hu fir Modeller vu verschiddene Prozesser ze ëntwécklen a prézis ze schaffen. Dobäi huet de Mathéstudium ganz wéineg mat de Mathéscoursen aus dem Lycée ze dinn an et gesäit een déi vill Méiglechkeeten déi de Studium bréngt oft eréicht während dem Studium.

 

MathMatters mathematics-572273_1920 5821723504_134024b697_b

zréck bei d’Iwwersiicht