Physiker

Wat mécht ee Physiker?

Physiker sinn hautdesdaags an deene verschiddenste Beräicher erëmzefannen, sief et an der Industrie, Recherche, Fonction Publique oder als Proff an der Schoul oder un der Uni. Gréisstendeels schafft ee Physiker dobäi un techneschen oder wëssenschaftleche Frostellungen déi en unhand vu Methoden aus der experimenteller oder theoretescher Physik léist. Dobäi zeechent sech ee Physiker duerch ee logescht a problemorientéiert Denken aus, wat him erméiglecht Problemer séier an efficace ze léisen. Aus deem Grond schaffen och vill Physiker a wirtschaftlechen Domainer wei z.Bsp. Banken, Versécherungen oder Consultinggesellschaften, wou se ënnert anerem Risikoofschätzungen unhand vu komplexe mathematesche Modeller opstellen.

laser-11646_640Ee groussen Deel vun de Physiker fënnt een nom Studium och direkt an der Recherche erëm. A physikspezifesche Beräicher wéi Nuklearphysik, Astrophysik oder Festkierperphysik gi virun allem Grondlagen erfuerscht, woubäi ee Physiker an der Bio- oder Medezintechnik éischter méi uwendungsbezunn schafft.

Insgesamt ass et schwéier een allgemengt Bild iwwer ee Physiker ze zeechnen, well en a bal alle Sparten erëmzefannen ass. Dobäi gesäit säin Alldag awer esou aus, dass e Léisungen zu de verschiddenste Problemer muss fannen, an dëst mat deenen aus dem Studium geléierte Methoden. Ee grousse Virdeel vum Physiker ass deemno dass him no sengem Studium villes opsteet an en domat exzellent Perspektiven am Beruffsliewen huet.

 

Wat muss ech studéiere fir Physiker ze ginn?

De Bachelorstudiengang steet am Ufank am Zeeche vun der Basisausbildung. Hei ginn déi mathematesch a statistesch Methode geléiert, op déi een herno am Master an am Beruff zeréckgräift. Do dernieft gi Grondlage vun der Physik geléiert, wei z.Bsp. klassesch Mechanik, Optik, Elektrodynamik, Quantemechanik, etc, déi ee gutt Stéck iwwert dat erausgi wat een am Lycée gesinn huet. Begleet gëtt dat ganzt nach vu praktesche Versich déi engem erlaben, op eegestännegem Wee physikalesch Experimenter duerchzeféieren.

Duerno am Master gëtt dann eng bestëmmt Richtung, déi ee selwer bestëmme kann, verdéift. Hei ginn et dann déi verschiddenste Beräicher, wéi ënner anerem Elementardeelchenphysik, Atomphysik, Astrophysik, Festkierperphysik, awer och aner Sparte wéi Biophysik, Geophysik, Medezinphysik, etc, an deenen een sech spezialiséiere kann. Dernieft muss een dann och eng Entscheedung huelen ob een dat ganzt léiwer op engem experimentellen oder theoretesche Wee mécht an domat zum Schluss een experimentellen oder theoretesche Physiker gëtt. Well net all Uni jiddwer Beräich ubitt, ass et vu Virdeel sech virdrun doriwwer ze informéieren. Soss kéint et virkommen, dass een nom Bachelor d‘Uni muss wiesselen, wat awer net ëmmer vun Nodeel ass.

 

Christophe Delaere laser-63190 atomium-485900_1280

zréck bei d’Iwwersiicht