Verfahrenstechniker

Wat mécht e Verfahrenstechniker?

BASF1Ee Verfahrenstechniker këmmert sech ëm Virgäng, bei deenen aus verschiddene Materialien/Stoffer Produkter mat neien Eegenschaften entstinn. Dës Virgäng (och Prozesser genannt) kënne chemescher, physikalescher oder och biologescher Natur sinn. D‘Aufgabefeld ass bei wäitem net nëmmen op d´chemesch Industrie (dee vläit bekanntesten Aufgabeberäich) beschränkt. Verfahrenstechniker ginn op ville verschiddene Plaze gebraucht: Kläranlagen, pharmazeutesch Industrie oder Anlagenbau sinn hei nëmmen e puer Beispiller.

Wéi Ufanks gesot, këmmert ee Verfahrenstechniker sech haaptsächlech ëm Prozesser. Den Alldag hänkt dobäi staark vun der Plaz of, wou hie schafft. An der Produktioun ass hie virun allem fir sougenannten „Troubleshooting“ zoustänneg, d.h. fir Léisunge fir Problemer ze fannen. Dëst ass oft Teamaarbecht, mee oft muss hien och alleng schaffen. Weiderhinn schafft hien u Verbesserunge vun der aktueller Anlag, fir z.B. d‘Produktivitéit oder d‘Sécherheet ze verbesseren. Hei schafft en éischter am Beräich vun der Verfahrenstechnik. Wann den Ingenieur an der Entwecklung (R&D) schafft, dann ass seng Tätegkeet méi no un der Chimie, also der Wëssenschaft.

 

Wat muss ech studéiere fir Verfahrenstechniker ze ginn?

Am Grondstudium sinn dat allgemeng Mathé, Physik, Chimie, Mechanik, Werkstoffkunde, Informatik, Thermodynamik, fir mol e puer Saachen ze nennen. Kuerz gesot alles wat zou de Grondlage vunn engem Ingenieur gehéiert.

Verdéiwungen sinn zum Beispill Anlagenbau (Ausleeë vun Apparater a Maschinnen), Lebensmittelverfahrenstechnik (verschiddene Verfahren déi an der Hirstellung vu Liewensmëttel gebraucht ginn), Thermische Verfahrenstechnik (Destillatioun, Wärmeübertragung) oder Chemische Verfahrenstechnik (Reaktionstechnik, Kinetik, …).

 

DCF 1.0 oosp(2) Statischer_Mischer

zréck bei d’Iwwersiicht