Wou kann ech mech fir den Ingenieursstudiegang aschreiwen?

Et gëtt keen Studiegang Ingenieur. Als Ingenieur bezeechent een en Expert op engem techneschen Gebitt mat enger theoretescher Ausbildung. Dorënner falen ënner anerem Studiegäng ewéi Maschinnebau, Bauingenieur, Chimie, Biologie, Physik, Elektrotechnik, Informatik oder Architektur.

 

A wat soll ech dann elo studéieren?

Dat ass déi grouss Fro, déi just du selwer beäntwere kanns. Mir ënnerstëtzen dech natierlech gär bei denger Entscheedung. Hei um Site fënns du ënnert dem Menüpunkt Ingenieursrichtungen déi eenzel Studiegäng alphabetesch opgelëscht. Mat engem Klick op eng Fachrichtung fënns du eng Beschreiwung vun der Aarbechtswelt als Ingenieur an deem spezifesche Beräich, sou wéi Informatiounen zu der Ausbildung a wat een dofir studéiere soll.

Als Erweiderung sinn ënnert dem Menüpunkt Studieninfos am Internet weider Säiten opgezielt, déi dir hëllefe sollen, däi Choix ze treffen. Beim Verband vun den däitschen Ingenieuren (VDI) kann een déi aktuell Zuelen vum däitschen Aarbechtsmarché noliesen. Dat ass a bleift awer nëmmen eng Statistik, dofir rode mir dir net, däi Choix just op Base vun deenen Zuelen ze treffen. Souwisou herrscht hei zu Lëtzebuerg den Ament éischter e Mangel u Personal am Ingenieursberäich.

Dofir: lies dir déi Beschreiwungen zu den verschiddenen Ingenieursrichtungen duerch. Wat sprécht dech un? Wat ass dir nach net ganz kloer? U wat zweiwels du?
Kontaktéier eis, stell deng Froen per Mail oder bei eis um Stand op der Foire de l’étudiant all Joers am November. Eng Persoun, aus der concernéierter Ingenieursrichtung, respektiv déi, déi dir genau op deng Froen äntwere kann, mellt sech dann zréck.

 

Ech weess elo wéieng Ingenieursrichtung, wou soll ech dann am beschte studéieren?

Nom Wat kënnt dann den Wou studéieren?. Och dat ass net sou einfach soen, et ginn sécher déi “klassesch” Unien fir Ingenieuren (an Däitschland wieren dat Stied mat techneschen Universitéiten (TU) ewéi Oochen, Karlsruhe, Kaiserslautern an München; an der Schwäiz z.B. Lausanne an Zürech; oder Léck a Bréissel an der Belsch) mee och an aneren Stied ginn et Unien déi op hirem Gebitt zu deenen beschten gehéieren. An well och d’Studenteliewen zum Studium gehéiert, ass et am beschten den Cercle vun der respektiver Unisstad ze kontaktéieren. Eventuell hëlleft et dir och de Cercle vun interessanten Unisstied op Facebook ze liken an doduerch uptodate ze bleiwen an ze gesinn, wou wat esou leeft. Natierlech ass et keng Mussesaach engem Lëtzebuerger Studentecercle bäizetrieden, mee hier Aufgab ass et ënner anerem zukünfteg Studenten a Studentinnen ze informéieren. Hei verweise mir dech op d’Homepage vun der ACEL, wou s du eng Iwwersiicht vun allen Lëtzebuerger Studentencercelen ugewise kriss mat Verlinkungen zu hiren Facebook-Pages an Websites. Ausserdem gëtt et do e Kontaktformular, sou dass du deng Froen direkt un dee jeeweilege Cerlce stelle kanns.

Um Site vun der ANEIL kanns du noliesen, wat eis Comitésmemberen studéieren a wou se dat maachen (>ANEIL >Comité).