Wirtschaftsingenieur

Wat mécht ee Wirtschaftsingenieur?

Dir kritt an dëser Brochure vill Beruffer a Studien aus den technesch-wëssenschaftleche Beräicher virgestallt. Fir vill vun deene Studiegäng bitt sech awer nach eng weider attraktiv Alternativ un, ouni den techneschen Aspekt ewechzeloossen: de Studium vum Wirtschaftsingenieur.

E Wirtschaftsingenieur beschäftegt sech souwuel mat Aufgaben aus den Naturwëssenschaften, wéi och mat wirtschaftleche Problemer. Wirtschaftsingenieure ginn ëmmer méi attraktiv fir Entreprisen, well se z.B. e Projet souwuel vum technesche wéi och vum kommerziellen Aspekt hier verstinn a sou keng weider Persoun gebraucht gëtt, déi fir ee vun deenen 2 Beräicher „iwwersetze“ misst.

Travel AficionadoMéiglech Beruffer sinn z.B. an der Produktiounsplanung, dem Controlling a Rechnungswiesen, Consulting, An- a Verkaf oder Logistik. Weider Weeër an Entwécklunge sinn awer ni blockéiert, sou dass een sech och nach dono iwwerleeë kann, sech op engem Gebitt ze spezialiséieren an sou méi no un dat technescht oder dat ökonomescht ze réckelen. Nieft der praktescher Uwen¬dung vu sengem Wësse bitt sech dem Wirtschaftsingenieur awer och nach den akademesche Wee un, Doktorat a Fuerschung vun engem Deel vun de Wirtschaftswëssenschaften ass e Beispill dovunner.

Alles an allem kann ee soen, dass de Wirtschaftsingenieur eng Bréck iwwert d‘Schnëttstell vun der Technik an der Ökonomie bild, 2 Welten déi oft grondverschidde sinn, awer net ouni déi jeweils aner auskomme kënnen. De Wirtschaftsingenieur ass an deem Sënn de Manager vum technesche Fortschrëtt.

 

Wat muss ech studéiere fir Wirtschafsingenieur ze ginn?

D‘Struktur vun deem Studium ass generell eng 50-50 Opdeelung vun techneschen a wirtschaftleche Virliesungen.

Den techneschen Deel, deen der an däitschsproochege Länner wiele kënnt, hänkt vun ärem Choix of, et bitt sech zum Beispill de Maschinnebau, d‘Elektrotechnik oder d‘Informatik un, mä och Kombinatioune mat Chimie oder Verfahrenstechnik si méiglech. Wéi gesot, léisst sech bal all Studiegang an dëser Brochure mam Wirtschaftsingenieursstudium verbannen.

Den ökonomeschen Deel besteet op där anerer Säit ëmmer aus Fächer aus grousse Richtunge vun de Wirtschaftswëssenschaften, z.B. aus der Betriebswirtschaftslehre (BWL) Produktiounswirtschaft, Personalmanagement a Rechnungswiesen an aus der Volkswirtschaftslehre (VWL) Mikro-, Makroökonomie a Finanzpolitik. Dobäi gëtt op villen Unien nach eng Basis an Droit ënnerriicht, meeschtens Deeler déi fir d‘Geschäftsliewe relevant sinn, wéi z.B. Patentrecht oder Gesellschaftsrecht, a weider Management Fächer wéi z.B. Moderatioun a Presentatioun, Marketing a Kommunikatioun.

D‘Attraktivitéit vun dësem Studiegang äussert sech deels am Studium, well et engem wéinst der Diversitéit vun de Virlie-sungen net sou schnell langweileg gëtt, an deels natierlech och dono an der Beruffswelt wéinst de villen Asazméiglechkeeten.

 

thoughts-551344_1280 dollar-exchange-rate-544949_1920 socket-304983_1280

zréck bei d’Iwwersiicht