Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

Architekt

Wat mécht en Architekt?

D’Architektur ass breet gefächert. Haaptsächlech befaasst sech en Architekt mat Gebaier, ëffentleche Reim, Landschaft, Urbanismus ma och de Bannenausbau, d’Technik, generell Gestaltung, a fachlech Berodung falen an den Zoustännegkeetsberäich vum Architekt.

De Client, egal ob e privaten oder ëffentleche Bauhär, kontaktéiert den Architekt, ier béid dann zesummen e Projet ausschaffen. D’Wënsch vum Client a Kombinatioun mat de Bedéngunge vum Terrain, gi vum Architekt mam Bautereglement vun der jeeweileger Gemeng ofgestëmmt. Doduerch ass all Projet eenzegaarteg, a passt genau zu dem Client a sengem Grondstéck.

Nodeems éischt Skizzen a Maquetten dem Bauhär presentéiert ginn, entsteet no an no eng definitiv an ëmmer méi detailléiert Versioun vum Gebai, dem Raum oder dem Konzept.

De Bauhär kann den Architekt beoptragen, fir e komplette Projet ze realiséieren, en huet awer och d’Méiglechkeet, fir den Architekt nëmme mat eenzele Phasë vum Projet ze chargéieren, wei z.B. vum Entworf bis zur Autorisatioun, d’Ausféierungspläng, d’Ausschreiwungen an den Optrag vu Firmen oder d’Bauleedung an d’Exekutioun.

Deemno ass d’Tätegkeet vum Architekt vu Projet zu Projet ënnerschiddlech. Ausserdeem ginn et nach Ënnerscheeder ob en an engem Büro mat méi oder manner Leit ugestallt ass, beim Staat oder der Gemengtschafft, oder Selbstänneg ass.

Wat all Projet awer gemeinsam huet, ass d’Interaktioun mat Leit aus anere Fachberäicher wei z.B. dem Client, der Statik, der Haustechnik, dem Handwierk, der Innenarchitektur, der Visualiséierung, a villen aneren.

Wat muss ech studéiere fir Architekt ze ginn?

De Studium heescht Architektur, et gëtt awer ausserdeem och de Studium fir Innenarchitektur, an eenzelne Länner gëtt et e separate Studium fir Urbanisten oder Landschafts-architekten. Dës Fachrichtunge ginn op Universitéiten, Fachhéichschoulen a Konschtakademien ugebueden. An der Regel dauert de Studium ëm déi 10 Semester. E ganz wichtege Bestanddeel vum Semester ass den Entworf, niewent dem een nach Virliesungen, Workshopen, Excursiounen a folgende Beräicher huet: Ëntworfsprinzipien, Fräihandzeechnen, Statik, Bauphysik, Baugeschicht, Baustoffkunde, Vermessungskunde, Bauopnahm, CAD-Programmer, Modellbau, Stadplangung, Technesch Zeechnen. Meeschtens muss en niewent dem Studium Praxiserfahrung noweisen, dofir muss eng gewëssen Unzuel u Woche Stage a verschiddenen Entreprisë maachen.

Wann ee bis e Basiswëssen an der Grondausbildung vermëttelt krut, huet eenam zweeten Deel vum Studium d‘Méiglechkeet sech ze verdéiwen an: Konscht an Theorie, Bautechnik, Stad a Landschaftsplanung, Konscht a Baugeschicht, oder am Entwerfen.

Close Menu