Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

Bioingenieur

Wat mécht e Bioingenieur?

Vereinfachend erkläert, ass ee Bioingenieur e Verfahrenstechniker dee sech speziell mat liewegen Zellen an Enzymer beschäftegt. Dat heescht datt en sech d’Fro stellt, wéi sech Mikroorganisme verhalen a wéi een déi geziilt fir d’Ëmwandlung vu Rohstoffer a fir d’Produktioun kann asetzen, dat ganzt ënnert dem Gesiichtspunkt vun der Gesondheet a vun enger nohalteger Produktioun. Ee Bioingenieur probéiert also fir biologesch a chemesch Stoffëmwandlungsprozesser an déi technesch Praxis ze iwwerdroen.

Duerch säi Wëssen iwwer Mikroorganismen, Zellen an Enzymer an hier Wierkungsweis kann de Bioingenieur ganz neiaarteg Produiten entwéckelen an dat an ganz verschiddene Beräicher. Dozou gehéiere Liewensmëttelindustrie, Pharmaindustrie, Ëmwelttechnik a Planzeschutz, Pobeier- an Textilindustrie, Waasserversuergung a Kosmetik.

Am Ufank vum Bioingenieur senger Aarbecht steet oft en chemesche Prozess, deen de Bioingenieur duerch den Asaz

vu liewegen Zellen oder Enzymer méi bëlleg, méi rentabel oder méi ëmweltfrëndlech wëll maachen. Oft ass et och esou datt de chemesche Prozess wirtschaftlech guer net méiglech ass an da gëtt direkt no engem equivalente biotechnesche Prozess gesicht.Duerch e Screening gëtt no dem Mikroorganismus oder no dem Enzym gesicht, dat déi gewënschte biochemesch Reaktioun am beschte katalyséieren, also ausféiere kann. Dofir ginn et riseg Enzymbanken a Stammsammlungen. Duerno muss dëse Biokatalysator stabiliséiert an optiméiert ginn, an et muss sech iwwerluecht gi wéi en den am beschten asetze ka fir souwuel vill an och bëlleg produzéieren ze kennen. Dofir muss en Bioingenieur och Ahnung vun de jeeweilege Maschinnen an Apparaten hunn, souwéi vun der Planung an der Optiméirung vu Produktiounsverfahren.

Wat muss ech studéiere fir Bioingenieur ze ginn?

Well et de Beruff vum Bioingenieur nach net sou laang gëtt, ass den Numm leider och nach net genee definéiert. Op villen Unien heescht de Studiengang Bioingenieur oder Bioingenieurwiesen. Awer oft léiert en am Studiengang Bioverfahrenstechnik oder Biotechnologie op enger Ingenieursfakultéit genee dat selwecht.

Oppasse muss en ob de Studiegang éischter ingenieurwëssenschaftlech orientéiert ass, an also och Wäert op déi allgemeng Ingenieursfächer geluecht gëtt, oder ob en éischter naturwëssen-schaftlech orientéiert ass an d’Biologiefächer am Virgrond stinn.

Am Grondstudium léiert ee souwuel verschidde Biologiesfächer wéi och d’Grondlagefächer vun engem Ingenieur. Et stinn also souwuel Technesch Biologie, Enzymtechnologie, Bioverfahrenstechnik a Chemesch Verfahrentechnik um Stonneplang wéi och Mathematik, Technesch Mechanik, Apparatebau, Maschinenkonstruktionslehre, Thermodynamik, Elektrotechnik, Wärme- a Stoffübertragung, Mess-und Regelungstechnik etc.

Wéi virdru schon erwähnt, kann ee Bioingenieur a ganz verschiddene Beräicher schaffen, a genee sou verschidde sinn och d’Verdéiwungsrichtungen. Et kann een sech zum Beispill haaptsächlech op de verfahrenstechneschen Deel vum Studium konzentréieren an da Richtung Mechanik, fossil an erneierbar Brennstoffer, chemesch mechanesch oder thermesch Verfahrens-technik oder Produktgestaltung verdéiwen. Oder et behällt een de Fokus op der Biologie, da kann en zum Beispill Biotechnologie, Molekular Aufarbeitung, Wassertechnologie, Emweltschutzverfahrenstechnik oder Liewensmettelverfahrenstechnik verdéiwen.

Close Menu