Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

Elektroingenieur

Wat mécht en Elektroingenieur?

Ganz kuerz an allgemeng ausgedréckt, befaasst sech den Elektroingenieur mat der Hirstellung, der Verdeelung an der Notzung vun elektrescher Energie. D’Gebitt vun der Notzung vun elektrescher Energie stellt dee mat Ofstand gréissten a villfältegste Beräich vun der Elektrotechnik duer woubäi hei och d’Informatiounstechnologie duerch den Asaz vun der Digitaltechnik eng ëmmer méi grouss Roll spillt. Esou fënnt een d’Resultat vum Elektroingenieur senger Aarbecht haut an ëmmer méi Beräicher vum alldeegleche Liewen erëm:
Den Handy a seng Vernetzung souwéi den Internet, déi komplex Bordelektronik a modernen Autoen, d’Satellitentélévisioun oder déi onzähleg Steiergeräter an den Haushaltsgeräter siefen hei nëmmen als Beispiller genannt. Nieft deem Alldeegleche spillt d’Elektro- an Informatiounstechnik awer och bei industrielle Produktiounsanlagen, der Medizintechnik oder der Loft- a Raumfahrt eng ganz wichteg Roll.

Virum Hannergrond vun den erneierbaren Energien, den intelligente Stroumnetzer oder beispillsweis dem accident-fräien Elektroauto léisst sech déi an Zukunft ëmmer méi bedeitend Roll vun der Elektro- an Informatiounstechnik erkennen. Déi zukünfteg Aufgab vum Elektroingenieur ass et also ëmmer méi intelligent an autonom, méi staark vernetzt a komplex Systemer ze plangen, entwéckelen an/oder an d’Realitéit ëmzesetzen. Entspriechend deem breed gefächerten Uwendungsberäich vun der Elektro- an Informatiounstechnik kann och dem Elektroingenieur säin Asazberäich ganz ënnerschiddlech sinn, woubäi hie bei der Aarbecht ëmmer am Team mat Maschinnebauingenieuren, Informatiker, Naturwëssenschaftler oder och Economiste schafft.

Wat muss ech studéiere fir Elektroingenieur ze ginn?

Am Ufank vum Studium gi virun allem d’Tools fir d’Verständnis vun der Theorie aus de spéidere Virliesunge geliwwert, dat heescht et steet relativ vill Mathé an och Physik um Programm. Donieft kommen awer och d’Grondlage vun der Elektrotechnik, zum Beispill d’Berechnung vun einfache Schaltungen oder d’Fonctioun vun deenen eenzelne Baudeeler, souwéi vun der Informatiounstechnik, zum Beispill Logikschaltungen oder och Programmatioun, net ze kuerz. Dorop opbauend ginn an de spéidere Virliesunge mat zum Beispill der Héichfrequenztechnik, der Regelungstechnik oder der Norichtentechnik déi méi theoretesch Grondlagen zu deenen eenzelne Beräicher vun der Elektro- an Informatiounstechnik vermëttelt.

Opgrond vun der Komplexitéit vun deenen eenzelne Beräicher entscheed ee sech fir eng Spezialisatioun an där et dann zum Schluss vum Studium ëmmer méi staark a Richtung Praxis an domat tatsächlech Applikatioun geet.

Als méiglech Spezialisatioune siefen hei als Beispill Energietechnik, Automatiséierungstechnik, Robotik, Noorichtentechnik, Mikroelektronik, Optoelektronik, Medezintechnik oder elektresch Maschinne genannt.

Close Menu