Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

DE RICHTEGE CHOIX FIR D'ZUKUNFT

De Begrëff Ingenieur kënnt aus dem Mëttelalter an staamt vum laténgesche Wuert “ingenium” of, wat esou vill wéi “produktive Geescht” bedeit. Den Ingenieur haut ass en Erfinder an e Problemléiser. An sengem Beruff muss den Ingenieur Léisungen zu Problemer technescher Natur fannen déi him gestallt ginn. Dobäi muss den Ingenieur oft “ëm den Eck” denken a kreativ sinn. Fir d‘Problemer ze léise benotzt den Ingenieur d‘Mathematik a physikalesch Gesetzer. Hautdesdaags kann den Ingenieur ganz oft schonn op Technologien a Methoden zréckgräifen déi aner Ingenieure virun him schonn entdeckt oder entwéckelt hunn. Deemno muss den Ingenieur haut oft déi al Technologien a Methode verbesseren oder se dem Problem deen sech him grad stellt upassen. Et ass wichteg dass en Ingenieur zum Asaz kënnt, ier ee Produit oder ee Projet agesat oder fäerdeggestallt gëtt, well hie capabel ass de Realfall scho virun dem Abetribhuele bzw. Bauen ze berechne bzw duerzestellen. Sou gëtt verhënnert, dass de Projet oder de Produit en Desaster ginn.

Fir kënnen Ingenieur ze ginn, muss ee studéieren. Nom Studium ass een dann e Bachelor/Master of Science wann een op enger Universitéit oder enger technescher Héichschoul säin Ofschloss mécht oder e Bachelor/Master of Engineering wann een den Ofschloss op enger Fachhéichschoul mécht. (Fréier huet den nämmlechten Ofschloss Diplom Ingenieur geheescht).

Den Ingenieur muss virun allem ee Wëssen an der Mathematik an an der Physik hunn, dofir gëtt am Studium dorops ee grousse Wäert geluecht. Dëst ass fir all Ingenieur dat wichtegst a gëtt dofir och an all Studiegang geléiert. Bal genau sou wichteg ass et dono Methoden, Theorien an aner fachspezifesch Kompetenze bäibruecht ze kréien. Dës Kompetenze si vum Ingenieursberäich ofhängeg mee als gemeinsam Basis hu se all ee wëssenschaftlechen Hannergrond. Si sinn dofir do, dass den Ingenieur seng Aarbecht dono méi effizient ka maachen, well hie weess wéi en sech am Beschten uleet fir déi gestallten Aufgab ze léisen.

Et gëtt vill verschidden Ingenieuren. Dëst sinn awer oft nëmmen extra Nimm fir net ganz sou extra Kompetenzen. Déi meescht Ingenieuren hunn eng vun den 3 grousse Richtunge Maschinnebau, Bauingenieur an Elektroingenieur studéiert an sech da während hirem Studium an déi Richtung spezialiséiert.

Ingenieuren, an och déi déi et net onbedéngt am Numm stoen hunn, si relativ villfälteg asetzbar. Et ginn zum Beispill ëmmer méi Ingenieuren op Banken, Assurancen, Consultingfirmen oder och beim Staat oder de Gemenge gesicht. Doduerch dass eis Welt ëmmer méi komplex Technik benotzt an en demographesche Wandel stattfënnt gesinn d’Beruffschance fir d’Zukunft positiv aus. Eng aner interessant Saach ass dass ee grad a grousse Betriber als Ingenieur och aner Beräicher, wéi zum Beispill Marketing oder Controlling, zougetraut kritt, woubäi dëst ëmgedréint fir den Economist net sou einfach ass.

Niewent der Auswiel vun der Stad (jee no Land staark ofwäichend Studienorganisatiounen) an dem Fach (am beschte mat klenge Stagen virum Studium ofsécheren) sollt ee sech och mat der Fro beschäftegen, ob een op eng Universitéit oder eng Fachhéichschoul well studéiere goen. Dës Begrëffer si leider net ëmmer kloer definéiert, sou dass ee grad a franséischsproochege Länner méi genau muss kucke wat elo wat ass (d’Uni Lëtzebuerg ënnerscheet hei z.B. zwëschent académique a professionel). Bei der Bezeechnung vum Ofschloss kann een oft och en Ënnerscheed feststellen, deemno ob et Bachelor/Master of Science (meeschtens Uni) oder –Engineering (meeschtens FH) ass.

Et besteet en Niveau- an deelweis och e Viraussetzungsënnerscheed zwëschent Uni an Héichschoul, souwuel bei der Vitesse vun de Coursen, dem Opbau vum Cours, den Übungen, dem Selbststudium an och an den Examen. Dobäi ass de behandelte Stoff meeschtens ähnlech; et gëtt dem Student just op eng aner Aart a Weis bäibruecht. Op enger Uni huet ee prinzipiell manner Coursen a méi Selbststudium (et muss een sech also Villes selwer bäibréngen). Ausserdeem ass et op der Uni keng Seelenheet zu e puer Honnert an engem Cours ze sëtzen, woubäi dëst op den Héichschoulen meeschtens méi kleng Gruppe sinn a soumat d’Betreiung och méi intensiv ass. Weiderhin ass eng Uni éischter op Grondlaagefuerschung an domat méi theoretesch an zukënfteg ausgeriicht. D’Proffen hu meeschtens e Lehrstuhl mat Mataarbechter fir ze fuerschen. Op den Héichschoulen ass d’Léier éischter méi praxis- respektiv uwendungsorientéiert an aktuell, sou dass hei d’Proffen oft an der Privatwiertschaft schaffen a fir d’Coursen an d’Héichschoul kommen. Et kann ee mat Aschränkungen och während dem Studium wiesselen, woubäi et erop ëmmer méi schwiereg ass wéi erof. Absolventen vu béide Richtungen, also Uni oder FH, ginn ëmmer gebraucht, mee d’Aschaffungszäit ass no der Héichschoul wéinst der Praxisorientéierung awer an der Regel méi kuerz. Vill Entreprise maachen e Carrièresënnerscheed zwëschent deenen zwou Richtungen, awer oft gëtt och kee gemaach an et hänkt ebe vun den individuelle Fäegkeeten of wéi een sech entwéckelt (dës sollt een och am Studium net vernoléissegen, z.B. Softskills). Weider sollt ee sech genau mat de Prüfungsuerdnunge bekannt maachen, well dës kënnen zwëschent de Fächer, de Schoulen a virun allem zwëschent de Länner staark variéieren a séier zu enger Exmatrikulatioun féieren.

Méiglech sinn am Normalfall Bachelor, Master an Dokter. Op enger Uni ass de „Regeloofschloss“ ee Master. Wann een dann nach net genuch huet kann ee sech och en Dokter iwwerleeën, dëst ass meeschtens och vun enger FH méiglech. An de Grondlaagefächer wéi Mathé, Physik a Chimie gëtt méi oft promovéiert, well dat an der Fuerschung meeschtens gefrot ass. Heibäi sollt een allerdéngs vill Bëss a Motivatioun hunn.

Close Menu